Skip to main content

Afterwork vu Monnerech op Péiteng (14. Juni 2023)

De Rendez-vous fir dës Sortie war op enger ganz séierer Plaz, an zwar um Parking vun der Karting-Pist zu Monnerech. 51 Leit verdeelt op 28 Porschen hate sech ageschriwwen. E klengen Challenge war et op alle Fall fir eise Roadmaster Rom.


Depart zu Monnerech an Arrivée zu Péiteng, also e richtege Süd-Tour duerch 3 Länner iwwert 69 Kilometer verdeelt, deen an 1,5 Stonnen bewältegt sollt ginn. Dem Co-Pilot, deen eng grouss Responsabilitéit hat, gouf et ni langweileg. Duerch schmuel Stroossen
an der Belsch ass et gaangen an haaptsächlech zu Lonkech am Frankraich waren déi enkste Gässelcher ze meeschteren, ….. 100% Konzentratioun war ugesot.


D’ Roadbook vum Rom, wéi ëmmer perfekt bis op de Meter genau. Memorabel war just datt eng Kierch ënnerwee vu riets op lénks geplënnert war !!! An der Belsch gëtt et eebe näischt wat et net gëtt


No ronn 2 Stonnen nom Depart sinn d’ Equipagen all zefridden am Restaurant WAX zu Péiteng ukomm.


E fantastesche Menu an e ganz flotten Owend ënnert Gläichgesënnten hunn aus dëser Sortie nees eng Kéier eppes Besonnesches gemaach.


E grousse Merci un de Rom fir dës perfekt Organisatioun.
Marc Olsem