Skip to main content

32 Autoen mat insgesamt 56 Leit hun sech den 24 Mee bei der Sportshaal vun Kontern getraff.

Vun do aus goung et iwer Duelem Richtung Drei-Länner-Eck. Duerch t’Birenallee zréck op Munneref. Do iwert Grenz an Frankreich an enger Boucle op Contz-les-Bains. Eng schéin Streck laanscht t’Mousel bis op Schengen.

Zu Riemeschen erem an t’Wengerten an dann erem op Wentreng erof. Nach eng kuerz an schmuel Passage duerch Old Town vun Réimech an dann op Stadtbriedemes wou den Ofschloss vum After-work mat engem gudden Iessen am Resto de l’Ecluse war.

T’Streck vun insgesamt 63 km hat den Fern préparéiert, Roodbook ouni Fehler war aus der Fieder vum Rom.

 

Fotoen: Fernando, Nori a Serge Meyer